Léif Kolleeginnen a Kolleegen,
Wéi Dir warscheinlech wësst, fannen zwëschent dem 6. an dem 25. Mäerz 2025 Sozialwalen an der Fonction publique statt.
All Staatsbeamten
oder Employé, am aktiven Déngscht oder pensionéiert, kritt dofir dëser
Deeg eng Enveloppe heemgeschéckt, mat allen Dokumenter fir un der Wal
deelhuelen ze kënnen.
Jee no
Gehaltsgrupp, kënnt Dir d'Kandidaten aus deene verschiddene Gruppen,
Groupe 3 fir de B1, a Groupe 4 fir den C1 an den C2, wielen.
Leider schéngt et, wéi wann eng ganz Rëtsch vun eise Leit an dem falsche Grupp an de Wielerlëschten agedroen sinn.
Des Wielerlëschte gi vum Ministère de la Fonction publique am Virfeld vun de Walen opgestallt.
Betraff dovun
si souwuel d‘Wieler, wéi och Kandidaten, wourënner och eise
Vize-President Marco RICHARD, dee lo am Groupe 4 kandidéiert, obschonn
hien als fréieren B1 am Groupe 3 aklasséiert si misst.
De Minister vun
der Fonction publique ass am Virfeld vun de Walen op d'Problemer
informéiert ginn, mee deen huet leider decidéiert näischt méi un de
Lëschten ze änneren.
Et ass duerchaus warscheinlech, dass déi Feeler op de Wielerlëschten den Ausgang vun de Wale verfälschen.
Et ass eis
onverständlech, dass de Minister vun der Fonction publique, deen
zoustänneg fir des Sozialwalen ass, a Kenntnis vun de Feeler op de
Wielerlëschten, souzesoen "de Kapp an de Sand stécht". Den SNPGL wëll
sech ee Bild maache kënnen, wéivill vun eise Memberen an deene
Wielerlëschten effektiv falsch agedroen sinn.
Mir géifen Iech
dofir bieden, eis just eng Foto, oder ee Scan vun der viischter Säit vun
der Enveloppe op secretariat@snpgl.lu ze mailen, mat där Iech
d'Walziedelen asw. zougeschéckt gi sin. Dorop gesi mir Ären Numm
an, uewe riets, de Groupe an dem Dir opgefuerdert sidd ze wielen. Ëm de
Rescht këmmere mir eis.
Och wann Dir am
falsche Grupp agedroen wiert, invitéiere mir Iech un der Wal
deelzehuelen, an Är Walziedele virum 26. Mäerz 2025 auszefëllen a mat de
bäileienden Enveloppen anzeschécken.
Mir soen Iech lo scho Merci fir Är Mataarbecht.
Bescht Gréiss,
De Conseil d'administration vum SNPGL
|